Mini-Hesper 2026
20. bis 31. Juli 2026
All Dag vun 13:30 bis 17:30 Auer
Centre Joseph Altmann
Hesper
Kanner aus de Cyclen 2 bis 4
aus der Gemeng Hesper
Wéi gëtt mäi Kand ugemellt?
D’Umeldung fir Mini-Hesper 2026 leeft iwwer d’Maison Relaise vun der Gemeng Hesper. Famillen, deenen hiert Kand fir eng Participatioun a Fro kënnt, kréien déi néideg Informatioune mat den nächste Schrëtt per E-Mail.
D’Maison Relais këmmeren sech ëm déi administrativ Ofwécklung. Fir d’Elteren heescht dat: d’Informatiounen an d’Umeldung lafen iwwer déi vertraut Strukturen.
Wéi leeft en Dag zu Mini-Hesper of?
D’Kanner treffen sech an der Maison Relais. Kanner, déi moies schonn do waren, hunn do mëttes giess. Kanner, déi vun doheem kommen, solle mat vollem Mo ukommen.
Zesumme mat den Educateure geet et an de Centre Joseph Altmann. Vun 13:30 Auer u gehéiert d’Stad de Kanner.
An der Spillstad kënnen d’Kanner schaffen, Hesperly verdéngen, Atelieren entdecken, Frënn besichen, an der Epicerie akafen, am Bistro eppes drénken oder beim Jobcenter eng nei Aarbecht sichen.
Ofmeldungen
Wann Äert Kand net un engem Dag ka matmaachen, mellt Iech w.e.g. esou fréi wéi méiglech bei der Maison Relais vun Ärem Kand.
Fir eng méi séier Äntwert ass d’Maison Relais bei praktesche Froen oder Ofmeldungen déi éischt Kontaktplaz.
Visitten an Elterecafé
D’Eltere kënnen d’Banneliewe vun der Spillstad net einfach esou spontan betrieden. Dat ass wichteg, fir datt Mini-Hesper eng Plaz vun de Kanner bleift.
Beim Agank gëtt et en Elterecafé. Do kënnen d’Elteren ee Kaffi drénken, sech austauschen an op Reservatioun un enger guidéierter Visitt deelhuelen.
Visitte vun der Kannerspillstad mussen am viraus iwwer Telefon am Touriste Büro reservéiert ginn.
Ëffnungszäite vum Touriste Büro
20.07 bis 24.07 a 27.07 bis 30.07
14:00 bis 17:00
Tel.: 621 178 826
Publikatioun vun Inhalter
Wärend Mini-Hesper kënne Fotoen, Videoen, Radio-Bäiträg, Zeitungen an aner Medieninhalt entstoen. Dës Inhalter ginn nëmme publizéiert, wann déi néideg Autorisatiounen a Rechter virleien.
D’Gemeng an de Service Enfants et Jeunes ginn hei besonnesch virsiichteg vir, well et sech ëm e Projet mat Kanner handelt.
Bei Froen
Fir praktesch Froen oder Ofmeldunge biede mir d’Elteren, sech am beschten direkt un d’Maison Relais vun hirem Kand ze wenden.
Fir Visitte vun der Kannerspillstad kënnt Dir Iech wärend den Ëffnungszäite beim Touriste Büro mellen: 621 178 826.
Informations pour les parents
Mini-Hesper 2026 aura lieu du 20 au 31 juillet 2026 au Centre Joseph Altmann à Hesperange. La ville des enfants sera ouverte chaque jour de 13h30 à 17h30.
L’inscription se fait via les Maisons Relais de la commune de Hesperange. Les familles concernées recevront les informations nécessaires et les prochaines étapes par e-mail.
Les enfants se retrouvent à 13h00 à la Maison Relais. Ils se rendent ensuite ensemble avec les éducateurs au Centre Joseph Altmann.
Les parents ne peuvent pas entrer librement dans la ville des enfants. Un café des parents sera prévu à l’entrée. Les parents pourront y boire un café, échanger entre eux et participer à une visite guidée sur réservation.
Les visites de la ville des enfants doivent être réservées à l’avance par téléphone auprès du Bureau touristique.
Heures d’ouverture du Bureau touristique
20.07 au 24.07 et 27.07 au 30.07
14h00 à 17h00
Tél. : 621 178 826
Pour les questions pratiques ou les absences, les parents sont invités à contacter en priorité la Maison Relais de leur enfant.
Information for parents
Mini-Hesper 2026 will take place from 20 to 31 July 2026 at the Centre Joseph Altmann in Hesperange. The children’s city will be open every day from 1:30 pm to 5:30 pm.
Registration is handled through the Maisons Relais of the commune of Hesperange. Families concerned will receive the necessary information and next steps by e-mail.
Children meet at 1:00 pm at the Maison Relais. They then go together with the educators to the Centre Joseph Altmann.
Parents cannot freely enter the children’s city. A parents’ café will be available at the entrance. Parents can have a coffee, exchange with others and take part in a guided visit by reservation.
Visits to the children’s city must be booked in advance by phone through the Tourist Office.
Tourist Office opening hours
20.07 to 24.07 and 27.07 to 30.07
2:00 pm to 5:00 pm
Tel.: 621 178 826
For practical questions or absences, parents are asked to contact their child’s Maison Relais first.