Wéini?
20. bis 31. Juli 2026
All Dag vun 13:30 bis 17:30 Auer
D’Kannerspillstad kënnt zeréck. Vum 20. bis den 31. Juli 2026 gëtt de Centre Joseph Altmann nees zu enger Stad vu Kanner, fir Kanner.
Zu Mini-Hesper entdecken d’Kanner, wéi eng Stad funktionéiert: si schaffen, verdéngen Hesperly, huelen un Atelieren deel, wielen hire Schäfferot a gestalten den Alldag selwer.
20. bis 31. Juli 2026
All Dag vun 13:30 bis 17:30 Auer
Centre Joseph Altmann
Am Häerz vun Hesper
Kanner aus de Cyclen 2 bis 4
aus der Gemeng Hesper
Mini-Hesper ass eng kleng Stad, déi fir zwou Wochen an de Raimlechkeete vum Centre Joseph Altmann entsteet. D’Kanner iwwerhuelen do verschidde Rollen, schaffen a Betriber, verdéngen hir eege Wärung an erliewen, wéi eng Gemeinschaft funktionéiert.
D’Stad gehéiert de Kanner. Si léieren dobäi op eng praktesch Aart a Weis, wat Verantwortung, Demokratie, Zesummeliewen a Kreativitéit bedeiten.
D’Kanner mellen sech beim Jobcenter a kënnen a verschiddene Betriber oder Servicer matmaachen.
Fir hir Aarbecht kréien d’Kanner Loun an der eegener Wärung vun der Spillstad: dem Hesperly.
D’Kanner wielen hire Schäfferot a gestalten d’Reegelen an d’Zesummeliewe vun hirer Stad mat.
Wärend Mini-Hesper entstinn eege Bäiträg vun de Kanner: Fotoen, Radio-Sendungen, Zeitungen an TV- oder Video-Bäiträg. Dës Inhalter ginn no an no op dëser Websäit publizéiert.
Op der Elteren-Säit fannt Dir déi wichtegst praktesch Informatiounen zu Mini-Hesper: Zäiten, Umeldung, Ofmeldungen, Visitten an de Kontakt bei Froen.
Mini-Hesper gëtt méiglech duerch d’Zesummenaarbecht vum Service Enfants et Jeunes, der Gemeng Hesper, de Moniteuren, de Partner an natierlech de Kanner selwer.